This event is ended. Thank you all for your participation!

Den Escher Resistenzmusée : d’Entwecklung vun engem architektonesche Monument (LU)

Musée de la Résistance à Esch
  • Wednesday

    19:30

Déi eenzegaarteg Architektur vum Musée National de la Résistance ass de Sujet vun dëser Table Ronde.

Nodeems d‘Architekte Schmitt a Schmitt-Noesen den Architektur-Concours fir de Musée gewonnen hunn, gouf dësen 1956 ageweit. Zënterhier präägt de Musée, dat fréiert Geriicht an d‘Aarbechtsamt d’Bild vun der Stad Esch. Et ass en impressionnant an inhaltlecht komplext Gebai. Matt sengem Parvis a senge Sailen erënnert d'Gebai un een "Zufluchtsort" oder un eng "Kathedral ënner fräiem Himmel".

Tëschent 2018 an 2023 ass de Musée vu Grond op erneiert a vergréissert ginn. Zënter Mäerz 2024 huet de Musée, op enger dräimol méi grousser Fläch, eng nei permanent Ausstellung mat enger komplett iwwerschaffter Museographie.

An dëser Table Ronde gëtt och e Bléck op déi siwe Projete geworf, déi wärend dem Architekteconcours net ausgewielt goufen.

Als Ergänzung zu der Erëffnung vum Musée am Mäerz 2024 ass ab dem 13. Mäerz 2024 eng nei temporär Ausstellung "Vicitimes oubliées", déi sech mat der Geschicht vun den Affergruppe vum Nazismus zu Lëtzebuerg beschäftegt, déi bis elo wéineg Opmierksamkeet kruten.


The National Museum of Resistance in Esch: the creation of an architectural monument (in Luxembourgish)

The unique architecture of the National Museum of Resistance is the subject of this round table.

After the architects Schmitt and Schmitt-Noesen won the architectural contest to build the museum, it was inaugurated in 1956. Since then, the Museum and its monument, the Justice of Peace Court and the Employment Office have shaped the image of the city of Esch. It is an impressive and complex building. With its open forecourt and columns, it resembles a "sanctuary" or even an "open-air cathedral".

Between 2018 and 2023, the museum was completely renovated and extended. Since March 2024, the museum has a new permanent exhibition on a triple surface area, with a completely redesigned museography.

During this round table discussion, we will also take a look at the seven projects that were not selected in the architectural competition.

In addition to the reopening of the museum in March 2024, a new temporary exhibition "Forgotten Victims", dealing with the history of groups of victims of Nazism in Luxembourg who have attracted little attention to date, will be accessible from 13 March 2024.

Reservation